Mir sichen eng oppen, léif, a passionéiert Persoun, déi bei eis an der Equipe am Owesservice matschafft. Wanns du Loscht hues op ee Service an engem Restaurant mat „Cuisine Bistronomique“, an op ee Café mat klenger Epicerie, matten um Duerf, da fills du dech bei eis bestëmmt ganz wuel!
Mir sichen:
• Persoun mat Führerschäin an Auto;
• Frëndlech, léif, a mat Humor.
• Erfarung am Service vun engem Restaurant an och um Bar wär top;
• Eng passionéiert a kontaktfreedeg Persoun, déi gär an enger Equipe, fir de Client schafft, an zu 100% hannert der Philosophie vum Lokal steet;
Wat mir ubidden :
• Eng agreabel a kollegial Equipe;
• Ee jonke Projet wous du dech kanns mat abréngen;
• Keng Coupure, well d‘Belsch Plage ass dann awer ze weit ewech;
• Méiglechkeete fir eventuell weider Erfarungen ze sammelen innerhalb vun enger Kooperative mat 3 Lokaler.
Rôle : Serveur/Serveuse & Barmaid/Barman Plaz : Beim Struwwel, 16 rue de Luxembourg, Tuntange Aarbechtszäiten : Donneschdes bis Méindes Aarbechtskontrakt : CDI 20 - 30 Stonnen
Interessi? Schéck däin CV an ee puer Zeilen iwwert dech un: info@coreca.lu